Am Schweecherdaul gouf ët schons ëmmer een Jugendklub. Ufangs war ët den "JOC", d'Jongbauren, wou just nëmmen d'Jongen aus dem Duerf dran vertrueden waren, fir d'Meedercher gouf ët den "LMJ". Enges Daags suutz d'Jugend aus dem Duerf a "Flëpps beim Maus" zesummen an huet d'Idee kruut fir zesummen een Jugendklub ze grënnen. Den 2. Februar 1969 koum ët dunn och dozou, den "Club des Jeunes Schweecherdall" gouf gegrënnt. Dësen Klub huet sëch virun allem een Numm duerch séng "Spiller ouni Grenzen" gemeet, déi och iwwer d'Grenzen ewech bekannt waren.

Wéi am Joër 1993 den Comité vum "Club des Jeunes Schweecherdall" beschloss haat, dësen Klub opzegin, hun eng Hand voll Jugendlëcher aus dem Schweecherdaul décideiert een neien Klub ze grënnen, deen zwar nach ëmmer déi sälwëcht Aktivitéiten sollt behaalen, wéi deen aalen Klub, mee nei Statuten sollt kréien. Daat war d'Gebuertsstonn vum neien Jugendklub aus dem Schweecherdaul: "Déi Jonk Schweecherdauler". Beim Grënnungsdatum vum 21. März 1993 huet den Klub aus 14 Membren bestaan. Festgehal gouf schon deemols, daat een mat 14 Joër bei den Jonken Schweecherdauler schon däerf matwierken, ouni derbäi onbedingt aus dem Schweecherdaul ze sin, wëll ouni d'Hëllef vun Membren aus der Emgéigend, den Klub nët daat wier, waat hien haut ass. Aus dem Klub gët een réischt feierlëch mat den traditionnelen Böllerschëss entloss, wann een bestued gët.

Verschidden Aktivitéiten vun den Jonken Schweecherdauler hun sech mat den Jorën verännert oder sin faalen geloss gin, aanerer sin bis haut nach beigehal gin. Daat traditionnelt Buergbrennen, souwéi den Meekranz goufen vum Klub iwwerholl. Awer och nei Aktivitéiten, ewéi Sketchowender, Nuetsrally'ën an een Volleyballsturnéier sin dobäi komm. ëm déi 60 Memberen zielen mer momentan an eisem Klub, woubei nach eng Partie Memberen wärten dobäi kommen.

An den läschten 3 Joër huet ët sëch sou lues agebiergert op d'Kavalkaden an der Fueszäit matzegoën. Daat éischt Joër (1999) waren mer nëmmen an der Ieselsstaat Dikkrëch, mee een Joër duerno waren mer och zu Réimech metgefuer.
- Daat éischt Joër (1999) haaten mer als Thema "Biekerëch, eis grëng Gemeng" an haaten wuel déi gréisst gebauten Biekerecher Wasserfläsch vun allen Zäiten opweises.
- Daat zweet Joër (2000) war d'Thema "Computeroofstuerz" an den "Babyboom 2000", woubäi eng riesëg Blondin, déi spéider als Sonnenblummenkinnigin fir d'Sonnenblummenfest vun der Biekerech Gemeng ëmgebaut gouf, virun een Computer gesaat gouf.
- Daat drëtt Joër (2001) haaten mer zum Thema "Geldtransporter" een Geldtransporter ewéi och een Helikopter gebaut an goufen souguer mat engem Prix Spécial belount.

1999 war dunn een speziellt Joër fir eis, well mer do no laanger Zäit ouni Daach iwwert dem Kapp endlech an eisen Jugendbau plënneren konnten. Den 28. Abrëll 2001 gouf en dunn och ënnert der Präsenz vun eiser Sport- an Kulturministësch Marie-Josée Jacobs an villen aanerën Députéierten, ewéi och eisem Buergermeeschter Camille Gira offiziell ageweiht. Den Jugendbau ass nët nëmmen een Klubbau fir déi Jonk Schweecherdauler, mee soll och eng Plaatz sin, wou sëch Jugendlëcher aus der Biekerëcher Gemeng treffen kënnen an ënnert der Opsiicht vun engem erwuessenen Member aus eisem Klub an engem Edukateur Aktivitéiten maachen kënnen: Mat engem Fernseh, Computer, Billardsdësch an engem Kicker hun mer den Jugendlëchën aus eiser Gemeng vill ze bidden.

Den 19. August 2001 hun d'Spiller ouni Grenzen, déi hiren Ursprong beim "Club des Jeunes Schweecherdall" haaten, een Revival geféiert! An der sëlwechter Wiss, vis-à-vis vum Jugendbau, wou schon virun Joren flott Spiller opgericht goufen, hun déi Jonk Schweecherdauler probéiert un den nämmlechten Erfollëg erunzekommen mat Spiller, déi kéng Grenzen hun. ët gouf een vollen Erfollëg.

Am groussen Ganzen besteet eisen Klub aus villen Jonken mat engem Duerschnëttsalter vun 17 Joër, waat eis awer nët drun hënnert och gréisser Aktivitéiten ze machen. Emmer lëschteg an mat vill Freed un der Saach, hoffen mer och an der Zukunft eng flott équipe ze bléiwen, déi sëch virun kenger neiër Idee scheit.

(2002)